D'MGD grillt ob enger privater Feier. Déi dräi Grillmeeschteren Adriano, Joé a Philippe hunn Hamburger, Kéis- a Grillwuerscht gemaach.
D'Leit ware vun den Hamburger begeeschtert an hunn déi 3 gelueft fir hir Aarbecht.
Fir d'Sprangschlassfest am Schuller Park, organiséiert vun der Gemeng, hu mir d'Buvette mat alkoholeschem Gedrénks gemaach.
Fir de Filmowend, organiséiert vun der Gemeng Dippech hu mir d'Buvette mat alkoholeschem Gedrénks gemaach.
Ob Invitatioun hu mer bei der Sandweiler Musek e Concert gespillt.
De Virowend Rock um Bur hat grousse Succès. Et hu matgewierkt:
D'Porte ouverte "Musikant fir een Dag" huet ugefaangen mat enger Schnupperprouf vum Chaosorchester. Duerno huet een d'Instrumenter däerfe probéieren. Zum Ofschloss huet d'MGD-Strëpp nach e flotte Concert gespillt. D'Musek huet fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Grousse Succès hat d'Fête de la Musique beim Pontebier mat:
De 17. Juni, am Centre Atert zu Bartreng, ass d'Lucienne vum Kulturminister Eric Thill mat dem Chevalier dans l'Ordre du Mérite ausgezeechent ginn fir säin laangjäeregt Schaffen a Musizéieren an der Musek Gemeng Dippech (Fanfare Schuller-Sprénkeng). Merci Lucienne fir däin Engagement.
Haut ware mer mat engem Eisekuchsstand ob der Porte-ouverte vun der Käerjenger Museksschoul.
Leschte Freiden huet d’Kommissioun vum Vivre ensemble am Kulturhaus Pontebier hire Welcome Apéro organiséiert.
Eng flott Geleeënheet fir déi nei Matbierger, sech iwwer d’Gemeng z’informéieren, d’Veräiner kennen ze léieren an nei Bekanntschaften ze maachen. Dat Ganzt bei engem klenge Maufel an engem gemittleche Patt.
De Kiermes Weekend huet Freides Owes mat der Ouverture vun der Kiermes ugefaangen an duerno si mer den Hämmelsmarsch duerch Schuller a Sprénkeng spille gaangen.
Traditiounsgemäss hu mer den éischte Mee gegrillt an e gemittleche Nomëtte verbruet.
Eis 2 Equippen beim Goalball organiséiert vun der Amicale vum Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV), e Samschdeg 25. Abrëll zu
Schuller an der Sportshall.
Si hunn Alles ginn, mat prominenter Verstäerkung. Dobäi waren Lucienne, Nicky, Jeff, Joé, Audrey, Adriano an ...
D’Big Band Memory, déi de 14. Abrëll 2000 gegrënnt gouf, hat ob säi Gebuertsdagsconcert invitéiert, dee Samschdes, den 18. Abrëll am Kulturhaus Pontebier zu Schuller ofgehale ginn ass.
Fir déi lokal Organisatioun an de Catering um Concert war d’Musek Gemeng Dippech zoustänneg.
No dem Succès vun 2025 huet d'Musek och am Joer 2026 seng Ouschtereeëraktioun gemaach. 540 Eeër si gekacht a gefierwt ginn. DVirbestellunge konnte Freides, den 3. a Samschdes, de 4. Abrëll an der Buvette vun der Musek ewech geholl ginn.
Sonndes, den 22. Mäerz huet d'Musek säin traditionelle Fréijorsconcert am Kulturhaus Pontebier gespillt. Den Erléis vum Concert war zu Gonschte vun der
Fondatioun Sarah Grond. Bei engem gutt gefëllte Sall sinn esou 1.100€ un d'Fondatioun gespend ginn.
Am Kader vum Fréijorsconcert ass och fir déi éischte Kéier de Chaosorchester obgetrueden. Mat senge flotte Stécker wosst den Ensemble säi Publikum ze begeeschteren.
Nieft den traditionelle Punkte vum Ordre du jour stoung och de Réckbléck op dat vergaangent Joer am Mëttelpunkt. Am Kader vum Aktivitéitsbericht 2025 gouf op e ganz aktiivt a musikalesch erfollegräicht Joer zeréckgekuckt. E spezielle Merci goung un all déi Leit, déi d’Musek bei hire Manifestatiounen ëmmer nees tatkräfteg ënnerstëtzen. Als Zeeche vun Unerkennung krut jidderee vun hinnen eng Corbeille iwwerreecht. Fir den Owend gemittlech ofzeschléissen, huet d’Musek Gemeng Dippech op e Patt invitéiert, begleet vun engem klenge Maufel.
Dëse Weekend war et zu Betteng esou wäit: No iwwer 30 Joer huet den Hämmelsmarsch erëm duerch d’Stroosse vum Duerf geklongen. Eng Traditioun, déi laang Zäit net méi ze héiere war, ass vun der Musek Gemeng Dippech nees an d’Liewe geruff ginn an huet bei ville Leit Erënnerungen erwächt.
