Higlights 2024


Wanterconcert - 15.12.2024

De 15. Dezember 2024 hat Fanfare Schuller-Sprénkeng hiren traditionelle Wanterconcert, an dëst Joer zesumme mat der Harmonie Municipale Rodange-Lamadelaine. Och gouf eng Quête fir den Télévie gemaach. Laangjäreg Musikantinnen a Musikanten goufen och ausgezeechent. Präsidentin Maryse KARIER, zesumme mat der Buergermeeschtesch Manon BEI-ROLLER an der Délégueierter vun der UGDA Mme Arlette WAGNER-HEITZ hunn d'Medaillen iwwerreecht. De Philippe WEIN krut eng Medaille fir 10 Joer, d'Rose JOST-CARNEIRO fir 30 Joer an d'Lucienne MARX-KALMES fir 40 Joer. De Camille JOST krut Villmools Merci gesot fir bal 75 Joer Engagement an der Fanfare Schuller-Sprénkeng.


Wanterfest an der Schuller Schoul 13.12.2024

Fanfare Schuller-Sprénkeng huet um Wanterfest vun der Schuller Schoul e klenge Concert gespillt. Uschléissend haten mir eng Präsentatioun vun eisen Instrumenter.


Kleeschen - 30.11.2024

Dest Joer hu mir de Kleeschen duerch de Park begleet. Duerno hu mir am Pontebier fir de Kleeschen, säi Gesell an d'Kanner Kleesercherslidder gespillt.


Chrëschtmaart - 29.11-01.12.2024

Vu Freides Owes bis Sonndes Owes hu mir Kaffi, Schocki a Kuch um Chrëschtmaart zu Schuller verkaaft.


Meekranz - 01.05.2024

Den 1. Mee ass d'Musek an de Bësch gaangen fir e Meekranz ze maachen. Duerno sinn e puer gemittlech Stonnen an der Buvette vun der Musek verbruet ginn.


Fréijorsconcert - 28.04.2024

Den 28. Abrëll hat d'Musek ob säin traditionelle Fréijorsconcert invitéiert. An deem Kader sinn och verdingschtvoll Musikant(inn)en vum UGDA-Vertrieder ausgezeechent ginn.