Dëse Weekend war et zu Betteng esou wäit: No iwwer 30 Joer huet den Hämmelsmarsch erëm duerch d’Stroosse vum Duerf geklongen. Eng Traditioun, déi laang Zäit net méi
ze héiere war, ass vun der Musek Gemeng Dippech nees an d’Liewe geruff ginn an huet bei ville Leit Erënnerungen erwächt.