Fanfare Schuller-Sprénkeng gëtt Musek Gemeng Dippech
Fanfare Schuller-Sprénkeng huet an hirer rezenter Generalversammlung bedeitend Ännerunge beschloss, déi d'Zukunft vum Veräi markéieren. Eng vun den Haaptentscheedungen war d'Ëmbenennung vum Veräin, dee vun elo u wäert den Numm Musek Gemeng Dippech hunn. Dësen neien Numm ënnersträicht Verbonnenheet mat der ganzer Gemeng a stäerkt och den Zesummenhalt.
Zousätzlech goufen nei Statuten eestëmmeg ugeholl, fir Gestioun an Organisatioun vum Veräin ze moderniséieren.
Den neie Conseil d’administration gouf erweidert a setzt sech elo zesummen aus:
D'Versammlung war och d'Geleeënheet, verdéngschtvoll Memberen ze éieren. D'Rose Jost-Carneiro gouf fir 30 Joer Member an der UGDA geéiert. Zousätzlech krut de Camille Jost den Titel als Éiremusikant.
Voll motivéiert start d'Musek Gemeng Dippech elo an déi nei Saison a freet sech drop, déi nächst Concerten ze preparéieren.
D’Musek Gemeng Dippech huet säin éischten Ouschtereeërverkaf organiséiert, an d’Aktioun war e grousse Succès. Iwwer 800 Eeër goufen am Virfeld gekacht, gefierwt a preparéiert – mat vill Engagement a Freed um gemeinsame Projet.
En Deel vun de Recetten gouf un de Centre de Promesse Télévie Dippech gespennt. D’Leit aus der Gemeng an Ëmgéigend hu mat hirem Kaaf net nëmmen faarweg Ouschtereeër mat heem geholl, mee och en wichtegen Projet ënnerstëtzt.
D’Musek Gemeng Dippech ass frou iwwert déi vill positiv Reaktiounen an wäert d‘Aktioun d‘nächst Joer widderhuelen.
D'Musek Gemeng Dippech konnt de 26. Abrëll am Centre de Promesses zu Schuller e Scheck vun 680 € iwwerrechen, dat war den Erléis vum Wanterconcert 2024 a vum Ouschtereeërverkaf am Abrëll 2025. Duerno huet d'Musek en Apérifconcert gespillt.