Highlights 2025


Generalversammlung - 02.03.2025

Fanfare Schuller-Sprénkeng gëtt Musek Gemeng Dippech

Fanfare Schuller-Sprénkeng huet an hirer rezenter Generalversammlung bedeitend Ännerunge beschloss, déi d'Zukunft vum Veräi markéieren. Eng vun den Haaptentscheedungen war d'Ëmbenennung vum Veräin, dee vun elo u wäert den Numm Musek Gemeng Dippech hunn. Dësen neien Numm ënnersträicht Verbonnenheet mat der ganzer Gemeng a stäerkt och den Zesummenhalt.

Zousätzlech goufen nei Statuten eestëmmeg ugeholl, fir Gestioun an Organisatioun vum Veräin ze moderniséieren.

Den neie Conseil d’administration gouf erweidert a setzt sech elo zesummen aus:

  • Raoul WILHELM, President
  • Savas KOROGLANOGLOU, Sekretär
  • Maryse KARIER, Tresoriere
  • Lucienne MARX-KALMES, Nicky WILHELM-KRAUS, Pit WEGENER a Guy SIMON, Administrateuren.

D'Versammlung war och d'Geleeënheet, verdéngschtvoll Memberen ze éieren. D'Rose Jost-Carneiro gouf fir 30 Joer Member an der UGDA geéiert. Zousätzlech krut de Camille Jost den Titel als Éiremusikant.

Voll motivéiert start d'Musek Gemeng Dippech elo an déi nei Saison a freet sech drop, déi nächst Concerten ze preparéieren.


Happy Birthday Philippe (18) a Savas (44) - 28.03.2025


Ouschtereeërverkaf - 18/19.04.2025

D’Musek Gemeng Dippech huet säin éischten Ouschtereeërverkaf organiséiert, an d’Aktioun war e grousse Succès. Iwwer 800 Eeër goufen am Virfeld gekacht, gefierwt a preparéiert – mat vill Engagement a Freed um gemeinsame Projet.

En Deel vun de Recetten gouf un de Centre de Promesse Télévie Dippech gespennt. D’Leit aus der Gemeng an Ëmgéigend hu mat hirem Kaaf net nëmmen faarweg Ouschtereeër mat heem geholl, mee och en wichtegen Projet ënnerstëtzt.

D’Musek Gemeng Dippech ass frou iwwert déi vill positiv Reaktiounen an wäert d‘Aktioun d‘nächst Joer widderhuelen.


Scheckiwwerreechung a Concert Télévie - 26.04.2025

D'Musek Gemeng Dippech konnt de 26. Abrëll am Centre de Promesses zu Schuller e Scheck vun 680 € iwwerrechen, dat war den Erléis vum Wanterconcert 2024 a vum Ouschtereeërverkaf am Abrëll 2025. Duerno huet d'Musek en Apérifconcert gespillt.


Meekranz - 01.05.2025


Goalball - 03.05.2025

Mir hunn als Musek Gemeng Dippech mat 2 Equipen um Goalball-Event, organiséiert vun der Amicale vum Centre de développement des compétences relatives à la vue (CDV) deelgeholl. Et war eng super Erfarung, e spannende Sport kennezeléieren, deen inklusiv ass an d’Zesummeliewen ënnerstëtzt. Et huet eis vill Freed gemaach, zesumme mat aneren Equipen eise sportleche Bäitrag ze leeschten.


Kommunioun - 04.05.2025

No engem sportlechen Dag gëschter beim Goalball, ass et haut direkt musikalesch weidergaangen! D’Musek Gemeng Dippech huet de Cortège vun de Kanner begleet, déi haut hir 1. Kommioun feieren.


Fréijorsconcert - 11.05.2025

Haut hate mir eise Fréijorsconcert zu Schuller am Musekssall. Villmools Merci eisem Dirigent Didier Wein, de Musikantinnen a Musikanten an dem Ensembel Säitewand Dippech fir dee flotte Concert.


17.05.2025 - Raumaktioun

Haut de moien hu mir fläisseg eisen Dépôt geraumt. Villes ass entsuergt ginn, mee mir mussen nach eng 2. Keier urappen🙈.


After-Prouf - 6.06.2025

After-Prouf am Museksbistrot. Bei däer Geleeënheet hu mer eis Pizzaen fir de Virowend vum Nationalfeierdag getest.


Hämmelsmarsch - 13./14./15.06.2025

🎺🥁 No 3 intensiven, awer immens flotte Deeg Hämmelsmarsch wëlle mir vum Häerze Merci soen! 🙏

En decke Merci un all eis Musikanten, déi mat vill Engagement a Freed d’Leit mat Musek erfreet hunn. 🎶

En riesege Merci geet och un all déi fleißeg Fräiwëlleger, déi eis gehollef hunn! 💪

E besonnesche Merci geet un de Marc an de Luc Emering, déi eis déi dräi Deeg mat Wonn an Trakter sécher duerch d’Stroosse gefouert hunn! 🚜🙏

Um leschten Dag hu mir dann och nach op der offizieller Ouverture vun der Kiermes gespillt 🎡 – e schéinen Ofschloss fir e gelongene Weekend.


Eng Regierungsmedail fir de Chef Didier - 18.06.2025

Den 18. Juni gouf eise Chef Didier mat der Medail vum Chevalier am Grad vum Ordre de Mérite vum Kulturminister ausgezeechent, dëst fir säin Engagement an de Veräiner.


Prouf am Park - Fête de la Musique - 20.06.2025

Am Kader vun der "Fête de la Musique" huet d'Musek Gemeng Dippech e Concert ënnert dem Titel "Prouf am Park" zu Schuller am Park hannert der Gemeng gespillt.


Virowend Nationalfeierdag - 22.06.2025


Welcome Apéro - 27.06.2025


Concert um Museksfest vun der Suessemer Musek - 29.06.2025


Warm-up Rock um Bur - 04.07.2025

What an amazing evening – WARM-UP ROCK UM BUR 2025 war ee volle Succès!

Mir soen e grousse MERCI un all déi, déi komm sinn, mat eis gefeiert an déi gutt Stëmmung gedeelt hunn!

E besonnesche Merci un:

  • Eis Musikanten, déi fir Live-Musek a richteg Emotiounen gesuergt hunn.
  • All Fräiwëlleg, déi gehollef hunn – virun, wärend an nom Event.
  • D’Gemengepersonal an d‘Gemeng Dippech fir déi super Ënnerstëtzung.
  • Eisem DJ fir déi genial Beats a Party-Stëmmung.

D’Wieder war top, d’Stëmmung nach besser !


MGD-Strëpp um Schoulfest zu Schuller - 9.07.2025

Vu 14h00 bis 16h00 hu mer d'Instrumenter présentéiert an um 17h00 e Concert zum Beschte ginn.


After-Saison - 20.07.2025

Haut hu mir zesummen eis Saison gemittlech ofgeschloss – mat engem herrleche Fierkel um Spiess a gebotschte Gromperen.

Mat dësem flotten Ofschloss verabschiede mir eis an eng wuelverdéngte Summervakanz.

Mir wënschen Iech alleguer erhuelsam Wochen an eng schéi Vakanz – loosst Iech et gutt goen, bleift gesond a monter.

Am September si mir zeréck – mat voller Elan a Freed op déi nei Musiksaison.


Philippe Wein am International Music Camp, North Dakota (USA) - 13.07.-26.07.2025

De Philippe war vun der UGDA nominéiert ginn fir um IMC deelzehuelen niewent nach enger anerer Musikantin aus Lëtzebuerg. Eng grouss Erfahrung fir 2 jonk lëtzebuerger Musikanten, déi si ni vergiesse wäerten.


9.08.2025 - Raumaktioun.2

Haut hu mer eisen Dépôt fäerdeg geraumt. Niewent dem Dépôt ass och d'Kichen an e puer Schief geraumt ginn. Et war net näischt, esou datt mer 2x an de Recycling gefuer sinn. Elo nach e puer Klengechkeeten an da ass et nees fir 20 Joer gutt 😆.

Merci Savas, Carole, Noé, Lenia, Lori, Pit, Jeff, Philippe, Maryse, Guy, Nicky a Vincent. D'MGD huet dann och als Ofschloss d'Mëttegiesse spendéiert.